top of page

Iwwer eis

Gebuer zu Lëtzebuerg, 12 Joer laang a groussen internationale Firmen an der Schwäiz gelieft a geschafft, an no engem Joer op der Côte d'Azur zu Nice, hu mir Enn 2021 decidéiert dëss super Maison d'hôtes am Lot-et-Garonne tëscht dem Canal des Deux Mers an der Garonne am klengen Duerf Saint-Jean-de-Thurac ze kafen.

Caroline.jpg

D'Caroline, gebuer 1978 zu Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg), ass eng Molerin a Grafikerin. Et war d'Caroline, dat sech am meeschten ëm d'Renovatioun vum Haus gekëmmert huet, an natierlech och d'Dekoratioun vun de Gaaschtzëmmeren gemaach huet.

De Ronny, gebuer 1977 an der Stad (Lëtzebuerg), ass de Responsabel vu senger eegener Firma ENDURADISTRI SARL spezialiséiert op d'Distributioun vu Sportsartikelen a Sporternährung a Besëtzer vun der Marque Le Parfait Triathlon. Hien këmmert sech ëm d'Verwaltung an ëm d'Kichen.

Ronny.jpg

Well mir zwee d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, si mir frou Iech op Franséisch, Däitsch, Englesch an natierlech op Lëtzebuergesch ze begréissen.

Wann Dir un eis aner Aktivitéiten interesséiert sidd, zéckt net eis Websäiten ze besichen déi dëse Marken gewidmet sinn.

SQ Logo 2021 - Standard.png
  • Instagram
  • Facebook
Logo_CHAG.png
  • Instagram
  • Facebook
Logo_new.png
  • Instagram
  • Facebook
bottom of page