top of page
Logo_LMDE.png
DJI_0036_01.png

Eis Maison d'hôtes ass op!

Am Häerz vum Südwesten, tëscht Bordeaux an Toulouse, laanscht dem Canal des Deux Mers an der Ligne Verte, empfänkt d'Maison des Eaux Iech fir en Stop oder e längeren Openthalt.

Ronny, Sportler an Caroline, Molerin, hunn d'Haus viru kuerzem aménagéiert a renovéiert. Mir hunn, um eischte Stack, fennef Schlofkummeren (1 Bett 140cm , 3 Better 160cm , 1 Heichbett 140cm), ideal fir Koppelen, Professionneler oder Cyclisten. All Zëmmer ass vum Caroline personaliséiert ginn.

De Kaffi, deen am Präis vun der Nuecht abegraff ass, gëtt an eiser grousser Kichen oder op sonnegen Deeg op der Terrass mat Vue op den zouenen Gaart zerwéiert.

Seit Ufank 2023 ass eisen neie beheizte Pool (Salzbecken) a Form vun enger 25m Swim Lane färdeg.

Parking ass beim Haus méiglech. Boulodrome. Fir e Vëlo-, Beruffs- oder Fräizäitstopp...

Et besteet t'Méiglechkeet fir 2 nei All-Road Vëloen op der Plaz ze lounen.

Mir bidden och op Ufro a je no Disponibilitéit eng Table d'hôtes fir € 35 pro Persoun (Menü mat Entrée, Haaptplat, Dessert, Aperitif, Wäin a Kaffi) un.

Well mir nëmme frësch Produiten verschaffen, kënne mir dee Menü leider net bei kuerzfristege Buchungen ubidden.

De Standardpräiss pro Zëmmer (2 Persounen) ass 95 € (Kaffi, Bettwäsch an Handdicher inkl.), 85 € für 1 Persoun (Kaffi, Bettwäsch an Handdicher inkl.). Eng Reduktioun vun 10% op den Tarif ab 2 Nuechten gëtt Iech accordéiert.

Op Grond vu der Lag, den Auststattungen an der Ariichtung vum Haus si d'Kanner nëmmen ab 12 Joer zougelooss. Déieren sinn net erlaabt.

La Maison des Eaux läit 200m vum Kanal, bei der D813, Agen 12kms ewech, Valence d'Agen 14kms ewech. Fir Cyclisten besteet d'Méiglechkeet Vëloen ze flécken a sécher ze stockéieren.

E puer Impressiounen vun eisem Instagram Konto:

bottom of page